Panorama
Panorama
Fir d'Covid-19-Gesetzer proposéiert de Staatsrot eng aner Prozedur fir déi ëmstridden Zwangsaweisung vun enger Persoun, déi mam Coronavirus infizéiert ass
De Sozialdialog wier eng Chance fir d'Land nees zesummenzeféieren, seet den Aarbechtsminister Dan Kersch, den Datum fir déi annoncéiert national Tripartite kéint den 3. Juli sinn
Zu Peking gëllen nees strikt Confinements-Mesurë wéinst enger zweeter Infektiounswell, déi sech weider ausbreet
Den amerikanesche President huet en Dekret ënnerschriwwe fir d'Police an den USA deelweis ze reforméieren
Bayern München ass nees Champion an der däitscher Fussball Bundesliga