Kultur
Der Sophie Jung hiert Spill am Casino
D'Sophie Jung, Joergang 1982, kënnt aus enger vun de bekannsten Theaterfamille vu Lëtzebuerg. Verständlech, datt si als Teenager e Bou ronderëm de Konschtbetrib gemaach huet. Bis si op der Uni verstanen huet, datt d'Konscht awer d'Sprooch wier, an där si sech am beschten ausdrécke kéint. No erfollegräiche Mediekonscht-Studie lieft a schafft d'Sophie Jung haut zu Basel an zu London. Mee heiansdo kënnt si op Lëtzebuerg. Am Februar hat si eng nei Expo am Casino opgeriicht, déi, nom Confinement, bis de 25. Oktober gewise ka ginn. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Sophie Jung.