Kultur
Seriekritik "When They See Us"
"When They See Us" zielt d'Geschicht vun de fënnef Central Park Jongen, déi am Joer 1989 accuséiert goufen a gewaltvolle Viol un enger Joggerin begaangen ze hunn. D'Joggerin war wäiss an d'Duechter vun engem räiche Mann an hat keng Erënnerung méi vum Viol.
Fir d'Jonge war et en normalen Dag am Liewe vun Teenager aus Harlem. Si koume grad aus der Schoul oder hu mat hirer éischter Frëndin geflirt, wéi hinnen op emol e Grupp Jongen opgefall ass, déi mat Boomboxen duerch d'Stroosse Richtung Central Park zéien. Spéider an den Zeitunge wäert et heeschen, si koumen aus hirem Véierel voller Misär mat Haass a Kriminalitéit, mam engem eenzegen Zil ze zerstéieren an ze vergewaltegen.
Tëschent de Jongen, déi einfach an de Park ware fir mat hire Kolleegen ofzehänken an de spéideren Accusatiounen, louch virun allem eng kleng Dos Pesch an eng gutt Dos Policegewalt.
Eng performant Schauspillerleeschtung an e wäertvollen Temoignage fir déi afroamerikanesch Communautéit, mengt d'Lara Bousch.