arrow_back_ios
Commentaire
Wou ass de Charles Michel?
Europa steet virun där gréisster sozio-ekonomescher Kris vu senger Geschicht. D'Memberlänner sinn sech bei villem net eens a verschanzen sech nach ëmmer hannert hire Grenzen. Den Olivier Hanrion sicht nom President vum Conseil européen, Charles Michel. Dee schéngt spuerlos verschwonnen. Allerdéngs soll hien d'Meenunge vun den EU-Staaten iwwert d'Gestioun vun der Kris op e gemeinsame Nenner bréngen. Eng Chronik vum belschen ëffentlech-rechtleche Sender, deen d'selwecht ewéi de radio 100,7 Member am Reseau Euranet Plus ass.