Kultur
Portugal et Luxembourg
No der Invasioun vun den Nazien den 10. Mee 1940 hunn eng 45.000 Mënschen Lëtzebuerg Richtung Frankräich verlooss. Mee och do war kee Refuge méiglech. Vill vu hinnen konnten a Portugal flüchten an dat huet de portugisesche Konsul zu Bordeaux, den Aristides de Sousa Mendes méiglech gemaach, well hien de Refugiéë Visaen ausgestallt huet. Ënner de Flüchtlingen ware ganz vill Judden, déi Groussherzoglech Famill an d'Exil-Regierung. D'Valerija Berdi huet d'Ausstellung "Portugal et Luxembourg", déi am Kräizgang vun der Abtei Neimënster nach bis den 2. August ze gesinn, besicht.