arrow_back_ios
Kultur
D'Oeuvre ënnerstëtzt d'Kreatioun vun 3 Tiers-Lieux culturels
Virun 2 Joer hat d'Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte op eng Table ronde zum Thema "Lieux de création" invitéiert. An der Diskussioun huet sech erausgestallt, datt en etlech Kreativer zu Lëtzebuerg op der Sich no Plaze wieren, wou se mat anere Wëssen, Kreativitéit, Outilen deele kéinten. D'Oeuvre huet décidéiert, an deem Beräich aktiv ze ginn an ënnerstëtzt elo, zesumme mat Esch2022, den Opbau vun 3 Tiers-lieux culturels mat 400'000 Euro. Explikatioune Kerstin Thalau.