Presserevue
Presserevue
"Land in Aufruhr" titelt de Moien de Lëtzebuerger Journal. An de Vereenegte Staate géif eng Krise déi aner joen: de Walkampf ronderëm d'Wäisst Haus géif schénge quasi zur Niewesaach ginn ze sinn, esou d'Zeitung. "Amerika vor der Zerreissprobe", heescht et dann op der éischter Säit vum Lëtzebuerger Wort.
Den US-President géif dreeë, wéinst den Onrouen d'Arméi anzesetzen, esou d'Wort op der Titelsäit. Eng Informatioun, déi d'Zeitung vum Lëtzebuerger Vollék als Haaptschlagzeil gewielt huet, an déi een och op der éischter Säit vum L'essentiel fënnt.
D'Presserevue vum Serge Kesseler.