Klassik aktuell
Maintenance, mathematesch Exercicen an eng nei Saison
Et ass roueg am Centre des Arts Pluriels zu Ettelbréck (CAPE). Do wou soss Musek, Danz, Ausstellungen an Theater Liewen an d'Gebai bruecht hunn, gëtt d'Bild vun engem eidele Sall dominéiert. Dat heescht awer net, datt hanner de Kulissen näischt geschitt. Wéi eng Aarbechte stinn den Ament op der Affiche a wéi geet ee mat der aktueller Situatioun ronderëm d'Corona-Pandemie ëm? Fir en Äntwert op dës Froen ze kréien, ass de Luc Boentges déi lescht Woch an de CAPE gaangen, an huet sech ëmfrot, ugefaange mam Bünentechniker André Sarret.