Kultur
De Verpakungsartist Christo ass dout
Et ware scho monumental Installatiounen déi de bulgaresch-amerikaneschen Artist Christo realiséiert huet, zesumme mat senger Fra Jeanne-Claude. Sief datt de Pont Neuf zu Paräis, de Reichstag zu Berlin, de "Big Air Pakcage" am Gasometer zu Oberhausen an, an, an. De Meeschter vum artisteschen Emballage huet awer keen déiwe Sënn a senger Wierker gesinn, fir de Christo a Jeanne Claude huet d'Schéinheet vun hire abstrakt-verpaakten Objete gezielt. E Sonndeg den Owend koum dunn Nouvellen datt de Christo am Alter vu 84 Joer gestuerwen ass. De Jean Claude Majerus denkt nach emol un dee grousse Kënschtler zeréck