arrow_back_ios
Kultur
D'Triennale Jeune Création 2020 als digital Plattform
D'Triennale Jeune Création ass eng wichteg Plattform fir jonk plastesch Kënschtler aus der Groussregioun. D'Editioun 2020 sollt an engem Mount Vernissage hunn. Allerdéngs ass se du virun engem Mount ofgesot ginn: de Montage vun esou enger grousser Ausstellung war ënner de Confinement-Conditiounen net ze realiséieren. D'Triennale wäert kommen, allerdéngs eréischt am Summer 2021. Wat an der Tëschenzäit geplangt ass, verréit Iech d'Kerstin Thalau.