Kultur
Kulturierwen zu Thessaloniki a Gefor
Wann an enger Stad an d'Déift gebaut gëtt, iwwerpréiwen Archeologe fir d'éischt emol, op Bagger a Co näischt vun historeschem Wäert zerstéieren. Just op där Plaz, wou an der griichescher Stad Thessaloniki de Metro geplangt war, hu Fuerscher eng sensationell Decouverte gemaach: eng Stad ënner der Stad, an zwar aus der byzantinescher Zäit, do wou Thessaloniki déi wichtegst Stad am Räich no Konstantinopel war. Et ass no Léisunge gesicht ginn, wéi Metro a Kulturmonument kombinéiert kéinte ginn.
Eis Griichenland-Korrespondentin Alkyone Karamanolis iwwer d'Evolutioun vum Dossier.