arrow_back_ios
Kultur
E Film iwwer de Lampertsbierg
Hei zu Lëtzebuerg ass de Joy Hoffmann bekannt, engersäits als Filmkritiker, dann als fréiere Kinosproprietär an och fir seng Aarbecht am CNA. Hien ass elo schonn e puer Joer an der Pensioun an dat war d'Geleeënheet fir e ganz perséinleche Projet duerchzezéien, en Documentaire iwwer "säi" Quartier, de Lampertsbierg. D'Martine Reuter huet sech mat him iwwer de Projet ënnerhalen.