Panorama
Panorama
D'Regierung huet déi drëtt Phase vum De-Confinement annoncéiert, Caféen a Restauranten dierfe vun iwwermuer un op der Terrassen zerwéieren, a vun e Freideg un och dobannen
Et wäerte vill Leit a Betriber "op der Streck bleiwen", sou de Gast Gibéryen (ADR) als Invité vum Dag op eiser Antenn de Moien
Budgetskontrollkommissioun invitéiert fir hir nächst Reunioun de fréiere Verdeedegungsminister Etienne Schneider fir Explikatiounen iwwert den Äerdobservatiounssatellit ze kréien
Revirement beim Direktesch Poste vun der National Bibliothéik, de Claude Conter gouf vum op de Posten nominéiert, d'Joanne Goebbels huet op de Poste verzicht
D'Lufthansa an déi däitsch Regierung si sech eens ginn iwwert ee Rettungspak vun iwwer 9 Milliarden Euro
Am Futtball gëtt de Carlos Fangueiro neien Trainer vum F91 Diddeleng