Kultur
Seriekritik: Matrjoschka, Russian Doll
D'Nadia steet am Buedzëmmer vun hirer Frëndin virum Spullsteen. Am Hannergrond leeft Musek, hir Frëndin huet eng Party fir hir 36 Joer organiséiert. D'Nadia huet e granzege Bléck, fëmmt an drénkt ze vill, ass éischter déi zynesch Zort vu Mënsch. Hir Kaz Oatmeal ass zanter zwee Deeg net méi heem komm.
D'Serie spillt zu New York an déi deels däischter, deels roudelzeg beliichte Stroosse ginn natierlech mat Jazz ënnermoolt. Beim Zigarette kafen taucht en dann op emol op, den Oatmeal, hir Kaz op der aner Säit vun der Strooss. D'Nadia leeft voller Freed iwwer d'Strooss, gëtt vun engem Auto iwwerrannt an ass dout.
D'Nadia steet erëm virum Lavabo am Buedzëmmer vun hirer Frëndin an déi selwecht Musek leeft am Hannergrond. D'Conversatioune fille sech wéi e komeschen Déjà vu un. Laang Story kuerz. De Plot vun dëser Serie, leeft nom bekannte Schema, stuck in a Loop. Woubäi dës éischter vun der däischterer Zort ass, awer net ouni Humor.
D'Lara Bousch huet d'Serie "Matrjoschka, Russian Doll" gekuckt.