Panorama
Panorama
13 min
An Zukunft sollen d'Testcapacitéiten hei am Land op bis zu 20.000 den Dag erweidert ginn, war et d'Annonce vun der Gesondheetsministesch Paulette Lenert an dem Fuerschungsminister Claude Meisch.
D'Entreprisen hei am Land sollen elo iwwert e staatleche Relance- a Solidaritéitsfong gehollef kréien. D'Detailer dovun hunn haut de Mëttelstandsminister Lex Delles an de Wirtschaftsminister Franz Fayot presentéiert.
An der Chamber-Ëmweltkommissioun gouf haut iwwert den Dossier "belsche Stockage vun Atomoffäll" diskutéiert.
E Méindeg ginn d'Premièresexamen un, ënnert anere Konditiounen wéi een et soss gewinnt war.
10 EU-Memberlänner, dorënner Lëtzebuerg, bedaueren, datt d'USA sech wëllen aus dem Open-Sky-Traité zeréck zéien, si deelen awer déi amerikanesch Bedenken iwwert d'Engagement vu Russland.
A Pakistan koume bei engem Fligerongléck op d'Mannst 40 Mënschen em d'Liewen.
De guinäesche Sänger a Museker Mory Kanté ass am Alter vu 70 Joer gestuerwen.