Kultur
En "hors-champ" an den historesche Kontext setzen
Mir haten iech viru kuerzem mat duerch dem Christian Aschman seng Fotoausstellung "hors-champ" am CNA zu Diddeléng geholl. Et handelt sech ëm eng Aart objektiv a subjektiv Dokumentatioun vum Mierscher Agrozenter, deen 1959 opgaange war a mëttlerweil zum groussen Deel ofgerappt ginn ass. Vu datt an der Expo just 90 vun 800 Fotoe gewise kënne ginn, nieft der visueller och eng gréisser archivaresch Recherche geleescht gi war, huet de CNA décidéiert, e Buch mat weidere Fotoen an Texter erauszebréngen. D'Kerstin Thalau ass vun der Marguy Conzémius vum CNA méi doriwwer gewuer ginn.