Kultur
De Christian Aschman ass bewosst "hors-champ"
1959 huet den Agrozenter zu Miersch seng Dieren opgemaach: an 20 Gebaier si Produite vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft stockéiert, transforméiert, analyséiert, administréiert a verkaf ginn. De Grand Public hat natierlech keen Zougang zu Silo, Schluechthaus a Co. Mëttlerweil huet den Agrozenter neie Residenzen an dem Commerce misse Plaz maachen. Virun der Demolitioun huet de CNA de Fotograf Christian Aschman domat beoptraagt, dësen Industrie-Patrimoine festzehalen. Seng Observatioune stellt hien am CNA zu Diddeleng aus. D'Kerstin Thalau war d'Expo kucken.