Aktuelles
Problemer beim LUXEOSys-Projet
5 min
Beim Projet fir de Bau vun engem Äerdobservatiounssatellit fir d'Lëtzebuerger Defense gouf et schwéier Dysfunktionnementer. Dat geet aus engem Rapport vun der Berodungsfirma PWC am Optrag vum Verteidegungsministère ervir, deen dem radio 100,7 virläit. De Projet gëtt deemno mat engem Käschtepunkt vu geschaten 350 Milliounen Euro méi wéi duebel esou deier wéi geplangt, well d'Käschten fir de Bau vun der Buedemstatioun an d'Betriibskäschten net detailléiert a realistesch genuch chiffréiert waren. Hannergrënn vum Pia Oppel.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)