Kultur
Buchkritik: The Pleasure of Drowning
5 min
Ëm Fabelen a Märercher geet et an der Buchkritik vum Lara Bousch. Am Mëttelpunkt steet d'Wierk vum Jean Bürlesk.
De Jean Bürlesk ass e jonke Lëtzebuerger Auteur, dee mat "The pleasure of drowning" säin éischt eleng stoend Wierk verëffentlecht. Ganz onbekannt ass hien zu Lëtzebuerg mat sengen Texter awer net. Hien huet de Prix d'encouragement 2019 vun der Fondatioun Servais mat sengen deemools nach onverëffentlechtem Wierk gewonnen.
"The Pleasure of Drowning" besteet aus enger Sammlung vu kuerze Geschichten, déi alleguerten e Märche-Charakter hunn oder un bekannte Fabelen inspiréiert sinn.