Kultur
Jugendliteratur um CNL-YouTube-Channel
Déi digital Fënstere vergréissere war gëschter. Dëser Deeg maachen eis Kulturhaiser no an no hir analog Dieren nees grouss fir Visiteuren op, natierlech nach ënner gewësse Konditiounen. Esou zum Beispill och d'Literaturarchiv zu Miersch. De CNL hat fir d'Dauer vum Confinement der Kanner- a Jugendliteratur eng Plattform op hirem CNL-YouTube-Channel gebueden, do reegelméisseg Auteureliesungen eropgelueden. Dës Initiativ geet Mëtt Mee 2020 op en Enn, esou datt d'Kerstin Thalau Iech just nach e leschte YouTube-Channel-Volet presentéiert: d'Lëtzebuerger Jugendliteratur.