Kultur
Buchkritik: "Fin du leadership américain? L'état du monde 2020"
Den Donald Trump huet viru Kuerzem China fir de Coronavirus verantwortlech gemaach. Wollt hien domat vu senger eegener Responsabilitéit oflenken? Hätt en aneren amerikanesche President a senger Plaz net d'selwecht gehandelt, als Ausdrock vun der Rivalitéit tëschent den USA a China, déi sech zanter dem Ufank vun den 1990er Joren zougespëtzt huet?
De Sammelband "Fin du leadership américain? L'état du monde 2020" (La Découverte), ënner der Leedung vu Bertrand Badie an Dominique Vidal, hëlleft, esou eng Ausso an e méi breede Kontext anzeuerdnen. De Michel Delage huet d'Buch gelies.