arrow_back_ios
Kultur
D'Sécherheet kënnt virum Danzen
Muséeën a Bibliothéike konnten hir Dieren nees opmaachen, mee am kulturelle Liewe si mir nach wäit ewech vun der Normalitéit. Theateren, Kinoen a Concertssäll sinn nach ëmmer gespaart fir de Public, an och d'Plazen, wou jonk Talenter ausgebilt kënne ginn, däerfen nach net all mat der Ausbildung virufueren. Danzschoulen, zum Beispill, musse bis op Weideres hir Studioen eidel loossen.