arrow_back_ios
Kultur
De Gil Rigoulet um Luxembourg Street Photography Festival
De gebiertegen Normann Gil Rigoulet huet an den 1970er zu Paräis als Streetphotographer ugefaangen. Hien hat eng gutt Hand, e gudde Fanger, war deemno séier an der Zeen dran. Hien huet mam Henri Cartier-Bresson, mam Robert Doisneau zesummen- a fir déi grouss Magasinne geschafft. Tëschent dem 7. an dem 10. Mäerz ass dem Lëtzebuerger Street Photography Kollektiv säi virtuelle Street Photography Festival, an de Gil Rigoulet ass als Conferencier invitéiert. Dem Kerstin Thalau huet hien e puer vu sengen Tuyaue verroden.