arrow_back_ios
Kultur
Buchtipp: "Gilets de sauvetage"
Den Auteur Allain Glykos koum 1948 zu Bordeaux op d'Welt, de Papp war - wéi de Familljennumm et suggeréiert - en immigréierte Griich, d'Mamm eng Bauerenduechter aus der Charente. Hire Fils huet déi franséisch Nationalitéit, ass Unisproff an huet bis haut dernieft gutt 20 Bicher erausbruecht. Bei "Gilets de sauvetage" handelt et sech ëm eng Grafic Novel, eng Zesummenaarbecht mam, 40 Joer méi jonken, franséische BD-Zeechner Antonin. E Buchtipp vum Kerstin Thalau.