Invité:e vum Dag
Jean-Claude Juncker
D'Corona-Pandemie stellt d'Europäesch Unioun op eng haart Prouf - si huet bei ville Regierungen national Reflexer ausgeléist, wéi se sou nach ni an der Unioun ze erliewe waren. Zoue Grenzen, keng oder wéineg Koordinatioun iwwer Anti-Corona-Mesuren an iwwer d'Exit-Strategien ënner de 27 EU-Memberlänner, genee wéi Meenungsverschiddenheeten iwwer d'Anti-Krise-Mesuren: d'EU deet sech schwéier, sech an dëser Kris zesummenzedoen.
Wéi déif stécht d'EU an der Kris? Gëtt et een Auswee, a wa jo wou muss een do usetzen? Wéi gutt gëtt d'Lëtzebuerger Regierung eens an där Kris? Dat froe mir een, deen déi lescht fënnef Joer an der EU a virdru laang zu Lëtzebuerg um Rudder war. De fréiere Lëtzebuerger Premier a Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker asseisen Invité vum Dag.
D'Froe stellt d'Danièle Weber vun eisem Studio zu Bréissel aus.