arrow_back_ios
Kultur
Lutz Seiler - Stern 111
Schonn erëm e Roman iwwer d'Wendezeit. De Berliner Mauerfall inspiréiert d'Autorinnen an Auteuren an an der Tëschenzäit huet een heiansdo den Androck, et géif een ëmmer dee selwechte Roman liesen. Net esou beim Lutz Seiler, och wann d'Thematik - also d'Wendezeit - net grad originell an innovativ ass, dat wat de Gewënner vum Leipziger Buchpräis a sengem Buch "Stern 111" zesummestellt, ass schonn e klengt Wonnerwierk, mengt d'Valerija Berdi.