arrow_back_ios
Kultur
Opgepasst: wëll Déieren um CNL-youtube-Channel!
Fir d'Zäit vum Confinement hat de CNL, also eist nationaalt Literaturarchiv, de CNL-YouTube-Channel lancéiert. Op déi Manéier sollt d'Literatur, hir Auteuren, mee och hir Editeuren eng Presenz, jo eng Stëmm, um Internet kréien. De CNL post all Woch nei Auteure-Liesungen. Lo huet d'Phas vum Deconfinement ugefaangen, an d'Kerstin Thalau fäert, datt d'Aktioun deemnächst eriwwer kéint sinn. Dowéinst huet et Iech fir haut nach emol e puer Extraiten zesummegesicht, an zwar zu engem Sujet, deen heefeg erëmkënnt: Déieren.