arrow_back_ios
Kultur
De virtuelle Luxembourg Street Photography Festival 2020
Den Ausdrock "Festival" kënnt vum laténgesche "festivus", also festlech oder feierlech. Dee Festival-Feeling kënnt 2020 warscheinlech net esou richteg op. X Manifestatioune sinn ofgesot, anerer gi virtuell iwwer d'Bün. Mee bestécht e Festival net duerch den direkten Echange tëschent de Leit? D'Kerstin Thalau huet mam Paul Bintner vum Luxembourg Street Photography Kollektiv geschwat, deen tëschent dem 7. an dem 10. Mee säi Street Photography Festival online presentéiert.