Kultur
Seriekritik: The Crown
Eng Fra gëtt Kinnigin, ouni datt dëst virgesi war. D'Elizabeth Alexandra Mayfair ass am Haus Windsor gebuer. Mat 26 Joer gëtt d'Elizabeth zur Kinnigin vun enger vun de gréisste Monarchien op der Welt gekréint. Et ass d'Joer 1952 a et sëtzt fir d'éischte Kéier zanter laangem nees eng Fra um Troun.
D'Claire Foy, déi dës Fra an den zwou éischte Staffele spillt, huet fir dës Roll de britteschen Academy Award, den Emmy Award, de Golden Globe Award an nach eng Rëtsch weider Präisser gewonnen.
Si spillt eng Fra an enger Männerwelt, déi nach ni gären am Mëttelpunkt stoung. Si ass an hirem Verständnis Schwëster, Fra, Mamm an awer och vu Gott auserwielt fir hirem Land ze déngen.
"The Crown" vum Peter Morgan ass eng vun den opwännegste Serien-Produktiounen: E Monument vun den historesche Serien. D'Lara Bousch huet déi rezent drëtt Staffel gesinn.