Kultur
De Marc Schroeder gesäit d'Pandemie schwaarzwäiss
Am Optrag vum CNA, dem Centre national de l'audiovisuel, waren am Abrëll sechs Fotografen op verschiddene Plazen ënnerwee, fir hir perséinlech Chronik vun der Pandemie am Bild festzehalen. Dorënner de Marc Schroeder, Joergang 1974, deen an engem fréiere Liewe Risk Manager zu London an zu New York war.
Nom Ausbroch vun der Finanzkris 2009 huet hie sech en Dram erfëllt, ass fräie Fotograf ginn; mat Sëtz zu Lëtzebuerg, Berlin a Lissabon. D'Kerstin Thalau huet mam Marc Schroeder iwwer seng Vue op déi aktuell Situatioun geschwat.