Wat bedeit dat fir d'Rechter vun de Bierger? Wéi een Impakt huet dat op d'Vertraue vum Bierger an de Staat? A wéi gesäit et aus mat dem Bierger senge Flichten? Solle mer eis op den Zivismus vun eise Matmënsche verloossen oder brauche mer méi Kontrollen? Natioun oder Unioun: wat sinn déi international Implicatioune vun der aktueller Pandemie.
D'Philosophen-Duo Koenig a Retter diskutéieren déi Froe mat hirem Gaascht, dem Marc Schoentgen, Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung.