Kultur
De Fotograf Patrick Galbats als Chroniqueur vun der Pandemie
De Fotograf Patrick Galbats, Joergang 1978, huet, duerch seng laang fotojournalistesch Aktivitéite fir déi geschriwwe Press zu Lëtzebuerg, e Sënn fir d'Aktualitéit entwéckelt. Virun e puer Joer huet hie sech fir e Liewen als fräie Fotograf decidéiert. Säin Domän: de soziale Reportage. Hie war deemno elo fir de CNA, de Centre national de l'audiovisuel, ee vu sechs ideale Kandidate fir eng fotografesch Chronik vun der Pandemie ze erzielen. D'Kerstin Thalau wollt vum Patrick Galbats gewuer ginn, wat hie wärend dem Mount Abrëll erlieft an observéiert huet.