Kultur
Der Véronique Kolber hir Chronik vun der Pandemie
Eng vun de wichtege Missioune vum Centre national de l'audiovisuel, de CNA, ass, gesellschaftlech Entwécklungen zu Lëtzebuerg ze dokumentéieren an d'Material fir d'Zukunft ze archivéieren. Dozou gehéiert den Iwwergang vun enger Industrie- zu enger postindustrialiséierter Natioun, wéi och d'Changementer um Kierchbierg. Also huet d'Ekipp ufanks Abrëll sechs Fotografe selektionéiert, déi si fir sechs Pandemie-Chroniken op verschidde Plaze geschéckt huet. Dorënner d'Véronique Kolber. D'Kerstin Thalau huet mat der Fotografin iwwer hir Experienz geschwat.