Album vun der Woch
Fiona Apple - Fetch The Bolt Cutters
D'Fiona Apple deet hir Fans bei all Album waarden, dës Kéier waren et souguer aacht ganzer Joer. Déi amerikanesch Kënschtlerin widdersetzt sech domat deem haut gängege Produktiounszwang an hëlt sech déi Zäit, déi si fir en natierleche Schaffensprozess brauch. Aus dësem Grond huet sech och dës Kéier nees dat gefillt onendlecht Waarde gelount: De fënneften Album "Fetch The Bolt Cutters" vun der Fiona Apple ass vun enger Déift, vun enger Intensitéit a vun enger Schéinheet, un där een als Fan laang wäert ze knaen hunn. Presentéiert vum Vicky Stoll.
Episoden
Eveil au Jazz
Op Initiativ vum R&B Star Anderon Paak bréngen zwee bluttjonk Newbies - eent dovun hei vir vu Metz - eng vun de spannendste Placke vum Joer eraus.
Eveil au Jazz
Op Initiativ vum R&B Star Anderon Paak bréngen zwee bluttjonk Newbies - eent dovun hei vir vu Metz - eng vun de spannendste Placke vum Joer eraus.
Musikalesch Sproochkonservéierung
Op hirem drëtte Soloalbum presentéiert d'Gwenno psychedeelesche Pop a sproochlech Kuriositéit.
Musikalesch Sproochkonservéierung
Op hirem drëtte Soloalbum presentéiert d'Gwenno psychedeelesche Pop a sproochlech Kuriositéit.
Originell zitéieren?
Aus der bekannter Formel vu Rockmusek, déi op Synthesizer gespillt gëtt, zéie Working Men's Club d'Elementer fir staark existenziell Krise gräifbar ze maachen.
Katy J Pearson - Sound Of The Morning
"Sound of the Morning" heescht den Album a kënnt vun der brittescher Indiekënschtlerin Katy J Pearson.
E Wiesselspill vun den Emotiounen
"Sometimes, Forever" heescht deen drëtte Studioalbum vun der amerikanescher Indiekënschtlerin Soccer Mommy.
E Wiesselspill vun den Emotiounen
"Sometimes, Forever" heescht deen drëtte Studioalbum vun der amerikanescher Indiekënschtlerin Soccer Mommy.
FOALS - Life Is Yours
Op "Life Is Yours" reconnectéiere Foals mat hirer originaler Visioun a maache Musek, déi direkt an de Kierper geet.
FOALS - Life Is Yours
Op "Life Is Yours" reconnectéiere Foals mat hirer originaler Visioun a maache Musek, déi direkt an de Kierper geet.
Japanesch Nonchalance a märchenhaft Erzielungen
"Like A Fable" heescht dem Shintaro Sakamoto säi mëttlerweil véierte Soloalbum, op deem hien op Hoffnung amplaz Verzweiwlung setzt.
Japanesch Nonchalance a märchenhaft Erzielungen
"Like A Fable" heescht dem Shintaro Sakamoto säi mëttlerweil véierte Soloalbum, op deem hien op Hoffnung amplaz Verzweiwlung setzt.
![Vergiess deen alen Dram ...](/legacy/images/75274/image-thumb__75274__base_thumbnail/Angel%20Olsen.e0d68629.jpg)
Vergiess deen alen Dram ...
Léift an Doud hunn d'Angel Olsen op hirem neie Wierk "Big Time" Richtung Country Musek geféiert
![Vergiess deen alen Dram ...](/legacy/images/75274/image-thumb__75274__base_thumbnail/Angel%20Olsen.e0d68629.jpg)