Album vun der Woch
Fiona Apple - Fetch The Bolt Cutters
D'Fiona Apple deet hir Fans bei all Album waarden, dës Kéier waren et souguer aacht ganzer Joer. Déi amerikanesch Kënschtlerin widdersetzt sech domat deem haut gängege Produktiounszwang an hëlt sech déi Zäit, déi si fir en natierleche Schaffensprozess brauch. Aus dësem Grond huet sech och dës Kéier nees dat gefillt onendlecht Waarde gelount: De fënneften Album "Fetch The Bolt Cutters" vun der Fiona Apple ass vun enger Déift, vun enger Intensitéit a vun enger Schéinheet, un där een als Fan laang wäert ze knaen hunn. Presentéiert vum Vicky Stoll.
Episoden
Aiofe Nessa Frances - Protector
Musek aus Irland. Folk? Net nëmmen ...
Nostalgeschen Optimismus
Mat "Loose Future" ass der amerikanescher Musekerin Courtney Marie Andrews en nostalgeschen Album gelongen, deen trotzdeem no vir kuckt.
Nostalgeschen Optimismus
Mat "Loose Future" ass der amerikanescher Musekerin Courtney Marie Andrews en nostalgeschen Album gelongen, deen trotzdeem no vir kuckt.
Sorry - Anywhere but here
Eng batterséiss Plack, vum Portishead-Mann Adrian Utley produzéiert. Urgent a resignéiert zugläich, derailléiert dës Plack ëmmer erëm a spigelt domadder d'Zäiten.
Sorry - Anywhere but here
Eng batterséiss Plack, vum Portishead-Mann Adrian Utley produzéiert. Urgent a resignéiert zugläich, derailléiert dës Plack ëmmer erëm a spigelt domadder d'Zäiten.
Déif ënne bei de Champignonen
D'Björk mellt sech mat "Fossora" zeréck a beweegt sech tëschent orchestréierte Sträichinstrumenter a knallhaarde Beats.
Vu Flamingoen a vereentenen Deeg
Eng ganz eege musikalesch Welt erschaaft d'Jesca Hoop. Och op hirem sechsten Album "Order of Romance" weess d'Songschreiwerin ze begeeschteren.
Vu Flamingoen a vereentenen Deeg
Eng ganz eege musikalesch Welt erschaaft d'Jesca Hoop. Och op hirem sechsten Album "Order of Romance" weess d'Songschreiwerin ze begeeschteren.
Jockstrap - I Love You Jennifer B
Jockstrap hu schonn e puer Joer laang all Aen an Oueren op sech geriicht. Véier opfälleg EPen an eng Handvoll Singelen hunn dem Londoner Duo vill gehuewen Aperhoer abruecht.

![Tëschent Realitéit a Fantasie](/legacy/images/79972/image-thumb__79972__base_thumbnail/Marina%20Allen.224a0c26.jpg)
Tëschent Realitéit a Fantasie
Op hirem neien Album "Centrifics" beséngt d'Marina Allen ënnerlech an äusserlech Welten.
![Tëschent Realitéit a Fantasie](/legacy/images/79972/image-thumb__79972__base_thumbnail/Marina%20Allen.224a0c26.jpg)