Déjà Vu
Steve Miller Band - Fly Like An Eagle
Raffinéiert lässeg: "Fly Like An Eagle", deen néngte Studioalbum vun der Steve Miller Band kënnt am Mee 1976 eraus: E ganz erfollegräiche Release vun der Band aus San Francisco, eleng an den USA geet e véier Millioune Mol iwwer d'Théik.
De Bekanntheetsgrad vun der Steve Miller Band ass zanter dem Mega-Hit "The Joker" aus dem Joer 73 enorm héich. D'Zesummenaarbecht mam Eagles-Produzent Glyn Johns mécht sech bezuelt an den Joker spillt masseg Geld an. E gudden Deel dovunner gëtt a weider Produktioune gestach, wat der schlechtster Léisung keng ass.
Presentéiert vum Fred Medernach.