Aktuelles
"E schlechten Arrangement ass ëmmer besser wéi e gudde Prozess"
Duerch d'Sécherheets- an Hygiènesmesuren op de Chantiere wäerte Fraisen entstoen: Wéi vill genee wier nach ze fréi ze soen, esou de Roland Kuhn, de President vun der Federatioun vun de Bauentreprisen. Wat de Clienten, déi bauen, kéint verrechent ginn, misst nach analyséiert ginn, esou den Administrateur délégué vu Kuhn Constructions S.A. op eis Nofro hin.
Fir d'Käschte vun den zousätzleche Mesuren ze decken, hätt eng Bauentreprise hire Clienten schonn Avenante geschéckt, fir véier bis fënnef Prozent vum Gesamtmontant vum Bauprojet méi ze verlaangen, hat RTL e Mëttwoch gemellt.
Wéi eng Rechter hunn d'Consommateuren an esou engem Fall, a wéi eng Rechter hunn d'Bauentreprisen? Dat hu mir e Spezialist am Immobilierecht gefrot: De Serge Kesseler huet mam Affekot Lex Thielen geschwat.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)