Kultur
"Sidd dir all do" ass fir de Steve Kaspar hei net d'Fro
Den 22. Mäerz sollt an der Galerie Nosbaum Reding um Fëschmaart dem Kënschtler Steve Kaspar seng Ausstellung "Génération" opgoen. Dat huet näischt mat eiser neier Emissioun "Generatiounen" ze dinn, "Génération" steet hei fir de Prozess vum Entstoen. De Steve Kaspar, Joergang 1952, huet no Lëtzebuerg, laang an England an an der Belsch gelieft, ass zanter 1997 nees am Land an huet sech hei en Numm als Soundinstallatioune-Kënschtler gemaach. "Génération" ass awer eng Peinturen-Expo. D'Kerstin Thalau am Gespréich mam Steve Kaspar.