arrow_back_ios
Kultur
Susanne Jaspers- Capybarabooks
Capybara ass den Numm vum Waasserschwäin, dat a Südamerika doheem ass. Dem Schwéngche seng charmant a hedonistesch Liewensmanéier hunn d'Susanne Jaspers an de Georges Hausemer 2012 inspiréiert hire Verlag dann Capybarabooks ze nennen. De Georges Hausemer ass 2018 gestuerwen an zanter deem leet d'Susanne Jaspers de Verlag eleng. D'Editrice, Iwwersetzerin, Schrëftstellerin a Matautorin vu Marco Polo-Reesguiden erzielt, wéi eng Auswierkungen de Lockdown op hir Aarbecht huet. E Bäitrag vum Valerija Berdi.