Kultur
Filmkritik: La Chana - Mein Leben, ein Tanz
Mat engem frenetesche Rhythmus geet den Documentaire vun der Lucija Stojevic un. La Chana ass de Bünen-Numm vun enger Danzlegend. D'Antonia Santiago Amador huet sech de Flamenco iwwer de Radio als jonkt Meedche selwer bäibruecht.
D'Antonia, elo eng eeler Fra, zielt aus hirem Liewen, wéi si op enger Kanddaf fir d'éischte Kéier am Rhythmus vun der Gittar vun hirem Monni gedanzt huet. Wéi si sech verléift a bestuet huet. Wéi si dem Rhythmus vun hirem Kierper gefollegt huet, bis op déi gréisste Büne ronderëm d'Welt.
Eng Kritik vum Lara Bousch.