Kultur
El compañero Luis Sepúlveda ass dout
Déi éischt Konditioun fir kënnen ze schreiwen, ass emol ze liewen. An déi zweet ass, en intensiivt Liewen ze féieren. En intensiivt Liewe géif een natierlech an déi schlëmmste Situatioune bréngen, mee dovun ernäert ee sech um Schluss." Dat sot de Luis Sepúlveda an der Debatt "face au monde - la responsabilité de l'écrivain" um Literaturfestival zu Saint-Malo an der Bretagne 2017. Datt säi Liewen intensiv war, ass dat d'mannst, wat ee ka soen. De 16. Abrëll ass de chileenesche Schrëftsteller, Friddens-an Ëmweltkämpfer Luis Sepùlveda am Alter vu 70 Joer un de Folgen vu Covid-19 gestuerwen. Aus deem Grond rediffuséiere mir elo d'Gespréich, dat d'Valerija Berdi mat Luis Sepùlveda 2017 geféiert hat.