Kultur
De groussaarteg onbekannte Charles Kohl
2016 ass e gewësse Charles Kohl mat 87 Joer gestuerwen. Wéi du seng Familljememberen seng Wunneng a säin Atelier geraumt hunn, hu si e richtege Konschtschatz entdeckt! Kritiker haten de Charles Kohl laang als ee vun de beschte Lëtzebuerger Sculpteuren a Moler wouer geholl. Eng grouss Retrospektiv an der Villa Vauban sollt de Kënschtler endlech och beim Grand Public en Valeur setzen. D'Expo steet, mee wéinst der aktueller Situatioun huet d'Musées-Ekipp elo stellvertriedend eng Charles-Kohl-Publikatioun erausbruecht. Explikatioune vum Kerstin Thalau.