arrow_back_ios
Kultur
Tina Gillen am Lëtzebuerger Pavillon op der 59. Biennale zu Venedeg
De Projet fir déi 59. Biennale zu Venedeg vun der Lëtzebuerger Kënschtlerin, déi zu Bréissel wunnt, huet dem Jury besonnesch gutt gefall, wéinst der artistescher an intellektueller Pertinenz, déi an de Wierker vum Tina Gillen ze gesi sinn, ma och wéinst der visueller Kraaft, an der Kënschtlerin hirer sensibeler Approch zum Raum. De Claude Faber huet sech mat der Lëtzebuerger Kënschtlerin iwwer hire Projet ënnerhalen.