arrow_back_ios
Album vun der Woch
Yves Tumor - Heaven To A Tortured Mind
Mat hirem véierten Album sinn Yves Tumor endgülteg am Mainstream ukomm. Statt Sellout ass "Heaven To A Tortured Mind" awer virun allem d'Verweigerung vu musikalesche Limitten an eng Ode un d'Widderspréch. Dat alles zerwéiert mat funkege Beats a verzerrte Gittaren. De Max Tholl presentéiert den Album vun der Woch.
Kultur
Musek
Episoden
Et bleift alles anescht
Ka Popmusek eng Zort Trauerbewältegung sinn? Jo, mengt de britteschen Trio Pale Blue Eyes op sengem neien Album "This House“.
![Méi wéi Léift](/1_Foto/100komma7.lu/48623/image-thumb__48623__base_thumbnail/M%C3%A9i%20w%C3%A9i%20L%C3%A9ift.2847266a.jpg)