Kultur
Ouschtertraditiounen uechtert Welt
Ouschteren ass fir d'Chrëschten datt wichtegst Fest vum Joer. Zanter Joerhonnerten denken déi gleeweg Chrëschten op Ouschteren un d'Kräizegung an un d'Opersteeung vu Jesus Christus. Ouschteren ass awer duerch déi aktuell Situatioun dëst Joer anescht, vill méi roueg, kee Familljefest, keng Ouschtermassen an et bleift een doheem. Um Enn vun der Karwoch, mat Gréngen Donneschdeg, Karfreideg a Karsamschdeg gëtt Ouschtere mat Ufank vun der Ouschternuecht op Ouschtersonndeg gefeiert. Op där anerer Säit heescht Ouschtere bei eis awer och normalerweis Klibbere goen, Ouschtereeër fierwen an d'Kanner ginn Ouschtereeër sichen. De Jean Claude Majerus huet sech mat Ouschtertraditiounen och iwwer eis Grenzen eraus beschäftegt.