arrow_back_ios
Kultur
De CNL-YouTube-Channel fir Literatur
Eng vun de Missioune vum nationale Literaturarchiv ass Liesungen organiséieren, an op déi Manéier d'Literatur fir de Grand public nach méi lieweg, Auteure méi gräifbar ze maachen. Dat geet aktuell net. Dowéinst invitéiert de CNL elo op säi YouTube-Channel fir Literatur. Do ginn Dag fir Dag nei Auteureliesungen als Clip eropgelueden. Fir d'éischt presentéiere sech elo d'Vertrieder vun der Kanner- a Jugendbuchliteratur. D'Kerstin Thalau huet Iech e puer Extraiten erausgesicht.