Kultur
En Turn(er) an der Geschicht vun de Konschtdéifställ
Viru genee 245 Joer, also am Abrëll 1775, ass de Joseph Malord William Turner zu London op d'Welt komm. Bis zu sengem Doud, 76 Joer drop, sollt aus him dee wichtegsten englesche romantesche Moler ginn. Zu Lëtzebuerg ass hien net just dowéinst bekannt, mee haaptsächlech och, well hien op d'mannst zweemol am Grand-Duché war a mat Begeeschterung d'Stad a Lëtzebuerger Schlässer op Tableaue festgehalen huet. Zwou vu senge Vue gehéieren haut zu der Kollektioun vum Nationalmusée. D'Kerstin Thalau mat Detailer.