Panorama
Panorama
Et ginn elo iwwer 3.034 confirméiert Fäll vum neie Coronavirus hei am Land a 46 Doudesaffer.
Am Kader vun de staatleche Mesurë wärend der Coronakris kënnen elo Fräiberuffler eng Indemnitéit vun 2.500 Euro ufroen. Dat huet de Regierungsrot haut decidéiert
Déi sougenannt Discovery Etüd iwwer véier Versuchstraitementer géint den neie Coronavirus, huet hei am Land nach net ugefaangen. Den Accord vun der Santé läit nach net vir
Op der ganzer Welt goufen der Johns Hopkins Universitéit no ronn 1,4 Millioune Mënsche positiv getest an iwwer 83.000 Persoune si gestuerwen
De weltwäiten Handel wäert ënner dem Impakt vum neie Coronavirus wuel méi leiden, wéi wärend der Finanzkris vun 2008. Déi Estimatioun huet haut d'Welthandelsorganisatioun erausginn.
D'EU-Kommissioun wëllt de wäitgoende Stopp fir Areesen an d'Europäesch Unioun bis de 15. Mee verlängeren
D'Piratepartei soll ronn 19.000 Euro zeréck un de Staat bezuelen, déi se 2018 ze vill iwwerwise krut. D'Partei selwer wäert awer wuel Recours dogéint aleeën, mengt hiren Deputéierte Sven Clement
An den USA huet de Bernie Sanders decidéiert sech aus der Course fir Presidentschaftskandidat bei den Demokraten ze ginn, zeréckzezéien