Kultur
De "Rusty Boy" kritt 90 Joer
D'Theaterstécker " Äddi Charel", "Grouss Vakanz", "Margréitchen", "E Stéck Streisel", "Léiwe Kleeschen" "Kiichtbléien" "Fënsterdall" oder d'Prosa "Mäi Frënd Benn" grad ewéi de "Monni aus Amerika". Alles Wierker aus der Fieder vum Acteur an Auteur Pol Greisch, déi Lëtzebuerger Kultur markéiert hunn. De Pol Greisch, a net ze vergiessen och seng verstuerwe Fra d'Juliette Francois, dat war e Liewen op a fir d'Theaterbün. An dat gouf och honoréiert mam Batty Weber Präis an direkt zwee Mol mam Servais-Präis. De Pol Greisch kritt haut, och wann nee et bal net gleeft, 90 Joer.