Kultur
Benjamin Maack - Wenn das noch geht, kann es nicht so schlimm sein
Wéi schreift een iwwer déi eegen Depressiounen? Dem däitsche Schrëftsteller Benjamin Maack ass et ob alle Fall gelongen a sengem Buch "Wenn das noch geht, dann kann es nicht so schlimm sein", eng Zort Tagebuch ze schreiwen, wou hie mol akribesch, mol chaotesch d'Entwécklung vun der Krankheet beschreift, déi hien duerchmécht. Sech selwer verléieren, ënnergoen, sech net wëllen zougestoen, d'Acceptéieren, dann Therapie, Hoffnung, Angscht, schlecht Gewëssen, Medikamenter an Verloscht vu Gefiller ... literaresch verschafft. D'Valerija Berdi huet d'Buch gelies.